Tatta Tom ass eng konterbont Drag Queen aus Lëtzebuerg, déi Kanner Geschichten iwwert Villfalt an Toleranz verzielt. Faarweg gekleet a mat vill Spaass trëtt si op, fir ze weisen: All Mënsch ass gutt – genee esou wéi een ass. Tatta Tom liest besonnesch gär Bicher vir, an deenen d’Kanner léiere kënnen, dass et vill verschidde Weeër gëtt, wéi een liewe kann oder wien een gär huet. Mat Fantasie, Humor a vill Häerz bréngt si de Kanner d’Welt vun de Bicher méi no.