Ewéi d’Belle aus Die Schöne und das Biest stéchs du och gären deng Nues a Bicher – besonnesch a Kanner- a Märchebicher, genau ewéi ech, deng Tatta Tom. An der neier Buchrezensioun vu queer.lu „Tatta Tom gepréift!“ weisen ech dir meng Favoritten: Kannerbicher, déi iwwer Diversitéit an Inklusioun schwätzen. Ech liese meng eege lëtzebuergesch Iwwersetzungen dovun och reegelméisseg op Storytelling-Veranstaltunge vir.
Den Néi-Joer’s Kuss ass just e puer Wochen hier a Vältesdag steet virun der Dier. Et spiert een d’Léift scho bal an der Loft! Muncher soen do Pfui an aner hunn Häerzer an den An. Zu dësem Ulass hunn ech mir d’Buch Küssen Verboten? vum Anne Hassel rausgesicht. Dës Kéier ass et ee Buch vir déi ganz Kleng, vir den Alter ab 4 Joer – well d’Wäerter vun Inklusioun an Diversitéit solle vu Kleng u matgeduecht ginn.
D’Buch fänkt mat engem Schmatzer hei an engem Schmatzer do un. Herr Fuchs küsst Frau Fuchs. Frau Koala küsst Herr Koala. Mat schéinen Illustratiounen an iwwert nëmme 25 Säiten erkläert d’Autorin, dass Léift – sou ewéi ee Kuss – net nëmmen tësche Fra an Här existéiert.
Herr Dachs küsst Frau Hase?
Herr Schildkröte küsst Herrn Schildkröte?
Und Frau Ente küsst Frau Ente?
A ganz einfacher Sprooch gëtt erkläert, dass et eigentlech net vill ze erkläre gëtt. Op d’Fro, firwat da lo den Här Deckelsmouk den Här Deckelsmouk kësst, ass d’Äntwert ganz kloer an einfach: Well hie frou mat him ass – grad esou ewéi den Här Tiger mat der Madamm Tiger! Stimmt. Ganz einfach! ass do d’Schlussfollgerung am Buch.
Och wann d’Buch mat dësem Message schonn eigentlech ophält, géif ech et gären nach ee Schrëtt méi wäit huelen. Nämlech sollen ons Kanner och wëssen, dass, esouguer wann een eng aner Persoun gären huet, een sech net kësse muss. Och wann d’Boma onbedéngt dir eng Bees op de Bak drécke well, kanns du och “Nee” soen – an den “Nee” soll respektéiert ginn, ouni Erklärung a Kommentar. Konsens kléngt wéi ee komplizéiert Wuert, mee Kanner solle vu klengem u wëssen, dass hier Grenzen Eescht geholl ginn an och ouni Rambazamba kommunizéiert kënne ginn. An net nëmmen d’Kanner, mee och d’Boma, d’Tatta an de Monni sollen dat kloer gesot kréien.
Als queer Persoun läit mir do awer och nach eppes aneschters um Häerz: Nämlech sinn asexuell, aromantesch, poly, mee och einfach happy Singles onsichtbar am Buch. Jo, déi ginn et nämlech och! Mënsche mussen net a monogame Bezéiunge sinn, fir glécklech an zefridden ze sinn. D’Zil vum Liewen ass net fir jiddereen eng Bezéiung – an dat ass okay! Respekt ass hei d’Stéchwuert. An hei géif ech och nach eng Kéier umierken: net nëmmen d’Kanner, mee och d’Boma, d’Tatta an de Monni sollen dat kloer gesot kréien. D’konstant Nofroen, ob een da lo endlech déi eng Persoun fonnt huet, kënne mir ons nämlech spueren – a gleef mir, ech hu souwisou vill méi interessant Geschichten ze verzielen!
Mee trotzdeem schätzen ech Küssen verboten? ganz vill. Wann mir ons net weisen oder Bicher iwwert des Themen (vir)liesen, da ginn dës Diskussiounen iwwert Diversitéit guer net bis ugefaang. Vill Léit mussen sech ni d’Fro stell, “wëll ech mech weisen?”, well keen iwwerrascht ass, wann den Här Tiger d’Madamm Tiger kësst. Mir als LGBTIQ+ Mënsche mussen ons dës Fro awer nach ze oft – wann net esouguer all Dag – stellen. An dës Bicher droen dozou bäi, dass jiddereen – vu klengem un – versteet, dass LGBTIQ+ Diversitéit normal an och wierklech net komplizéiert ass.
Ech weess, dass ech d’Normaliséierung vu queerer Léift net méi materliewe wäert. An vir éierlech ze sinn, du warscheinlech och net. Mee, och wann et munchmol onbequeem ass, kënne mir all Dag Decisioun huelen, vir eppes Klenges dozou bäizedroen, dass d’Theme vu Küssen verboten? op eng Kéier irrelevant wierken.
