Joël Adami © Private

Ech grommelen. Ech weess net emol esou wierklech, wisou. Sinn si, déi mir vis-à-vis stinn, wierklech eng Gefor? Si kucke mech net an d‘Aen. Eng Fra kuckt déi aner. Déi, déi sech forcéiert, net op mech ze kucken. Ech grommelen, well ech muss, well eppes a mir iwwerhand geholl huet, wat ech net erkläre kann, esou wéi eppes an där Fra, déi déi aner kuckt, iwwerhand geholl huet.

Si gi lues a lues zeréck. Ech gesi vläicht net esou schaarf wéi si, ech gesi vläicht net all déi vill Faarwe vum Reebou, déi si gesinn, mä ech sinn och net blöd. Natierlech mierken ech, datt si ee Schratt nom aneren zeréck dohinner ginn, wou se hir komm sinn, ouni mir de Réck ze dréinen. De Réck dréinen, dofir sinn ech ze geféierlech. Ech grommelen nach ëmmer, weise meng Zänn, wäiss, schaarf a geféierlech. Op mannst hunn si hir gräisslech Luucht, vill ze hell a menger däischterer Nuecht, ausgemaach.

Een Deel vu mir wëll ophale mat grommelen, d‘Lëpsen erëm wéi eng Händsch iwwert Zänn zéien. Mä ech maachen dat net, ech grommele weider. Aus iergendengem Grond ginn déi zwou Fraen net weider ewech, mä maachen hir Luucht erëm un. A direkt erëm aus. Ech si geblent, et ass vill ze hell, wéi ee Stroboskop a mengen Aen. 

Op ee Schlag erënneren ech mech. Eng duerchdanzten Nuecht an enger Disko. Haart Musek, de Geroch vu Schweess an de Stroboskop, deen ëmmer erëm geblëtzt huet. Ech sinn net esou dacks danze gaangen. Ech war ee scheie Mënsch. Sinn et nach, ob eng gewësse Manéier. Net onbedéngt dee Kärel, deen all Weekend dräi Deeg waakreg ass. Mä an där Nuecht war et awer néideg. Et hat mech eng Woch laang an der décker Zéif gekribbelt, a wéi et endlech Freideg war, hunn ech mech geduscht, déi extra deier Skincare-Produite benotzt, de Baart nogetrimmt an déi Kleedung ugedoen, déi soss am hënneschten Eck vum Schaaf louch an hu mech op de Wee gemaach, d‘Nues Richtung Extas. 

Ech weess net méi, wat fir eng Musek gelaf ass, mä et huet och net vill Ënnerscheed vir mech gemaach. Alles wat et gouf, war de fette Bass a mäi Kierper, deen sech tëscht all deenen anere Kierpere beweegt huet. Ech hunn si net gekuckt, ech hätt meng Aen och genee esou gutt zou kéinten hunn. Mä ech hat se net zou. Soss hätt ech net gesinn, wéi sech ee vun deene Kierperen no an no a meng Richtung gedanzt huet. Duerch de Stroboskopeffekt huet et sech ugefillt wéi wann et ee Geescht gewiescht wier, deen op mech zoukomm ass. Bis hien*hat du viru mir gedanzt huet, mir ëmmer méi no komm ass, bis mir eis bal beréiert hunn.

Ech hunn eng Kéier gelies, mir géifen ni wierklech iergendeppes upaken, wéinst den Elektronen oder sou. Ech verstinn dat net, an ech wëll et net gleewen.

Hien*hat hat ironescherweis bal keng Hoer um Kierper. Esouguer um Kapp waren se ganz kuerz geschuer. Ech spieren haut nach, wéi meng Lëpse gepickt hunn, nodeems ech säi Kapp gekusst hunn. De komplette Géigendeel vu mir, well ech hat iwwerall Hoer. Vläicht ee Grond, wisou ech vill ze dacks gemengt hat, ech sollt net danze goen, dat wéilt jo kee gesinn. Obwuel ech jo genee wousst, datt et eng ganz Rëtsch Leit gouf, déi dat gesi wollten. Mir war elo souwisou alles egal, mäi Kierper voller Schweess, an et huet net laang gedauert, bis ech och de Schweess op senger Haut gespuert hunn.

Et huet net laang gedauert, bis mir net méi gedanzt hunn, fir een aneren Danz danzen ze kënnen. Déi kal Loft vun där ze waarmer Nuecht huet op menger Haut scho bal gebrannt, mä dat huet mir näischt ausgemaach, esoulaang ech hien*hat nieft mir gespuert hunn. De Wee war net wäit, an ech hu mech net getraut, och nëmmen eng Fro ze stellen. Et huet no Summerree geroch, an do wou ech tëscht all den Haiser een Horizont gesi konnt, war dee scho ganz blatzeg mof an orange. 

Ee vill ze klengt Zëmmer an enger vill ze kleng Wunneng. Kleeder, déi souwisou net vill verstoppt haten, op engem Koup um Bueden. An zwou Persounen op engem Bett, déi probéiert hunn, d‘Grenzen tëscht sech verschwannen ze loossen. Ech war net deen Typ, deen dat dacks gemaach huet. Dofir sinn ech net gäre genuch eraus gaangen, dofir waren Dating-Apps praktesch. Mä wéi d‘Sonn hannert dem vill ze dënner Riddo opgaangen ass, konnt ech mir näischt virstellen, wat méi perfekt sollt sinn.

Déi meescht Leit bäissen net, och net beim Sex. An déi, déi bäissen, froe meeschtens virdrun, op dat okee ass. Dofir huet et mech erféiert, wéi ech gespuert hunn, wéi hien*hat mech gebass huet. Mä ech hunn et och gutt fonnt, sou wéi ech all seng Beréierunge gutt fonnt hunn, och wann hien*hat mech op Manéieren ugepaakt huet, déi ech soss net esou gutt fonnt hunn.

Wéi ech mech den aneren Dag am Spigel gekuckt hunn an déi grouss Flatsch gesinn hunn, war ech schonn e bëssen erstaunt. Wéi ech ee Mount drop gigantesche Kappwéi krut, hunn ech mir näischt dobäi geduecht. Wéi de nächste Vollmound koum, wousst ech Bescheed. 

Ech grommelen net méi. D‘Täscheluucht ass mir ëmmer nach ze hell, ze grell. De Wand huet gedréint. Déi eng Fra, déi mech virdrun net gekuckt huet, kuckt mech elo. Riicht an d‘Aen. Ech gesinn an hirem Bléck eppes, wat ech laang net gesinn hat. Esou eppes wéi Solidaritéit. I feel you. Ass si et esou gewinnt, als Monster gesinn ze ginn, datt se net aneschters kann, wéi Matgefill mat engem Béischt wéi mir ze hunn? Oder ass si ieren eng vun eis?

Ech grommelen net méi. Elo sinn ech et, deen ee Schratt nom aneren zeréck geet, bis ech an enger Heck verschwonne sinn. D‘Täscheluucht geet aus, an endlech gesinn ech erëm eppes. Och wa fir si de Mound net hell genuch ass, gesinn ech si. Si huelen sech an den Äerm.