Historically Queer
In dieser Kolumne blicken wir auf queere Geschichte(n) zurück, sowohl auf persönliche Anekdoten, wie auch auf das Zeitgeschehen.
Falls du etwas dazu beitragen möchtest, dann melde dich bei uns: info@queer.lu
Well et an dëser Editioun vu queer.lu em Queer Kultur geet, musse mer och och iwwert Caféen, Baren an Discothéike schwätzen. An den 80er a 90er Jore waren déi Platze fir d’LGBT Community iwwerliewenswichteg. Et ware Safer Space’en, wou en sech konnt gi wéi e war, ouni sech ze verstellen an ouni komesch gekuckt oder jugéiert ze ginn. Enn de 90er an de 2000er Jore sinn déi Caféen ëmmer méi aus dem Landschaftsbild verschwonnen. 2023 gouf et souguer fir e puer Méint guer kee méi zu Lëtzebuerg, bis den ‚Lëtz Boys‘ seng Dieren an der Groussgaass opgemaach huet. Wat huet zum Ausstierwe vun dëse wichtege Platze gefouert? Brauch et déi Bistroen iwwerhaapt nach?
Mir hunn eis mam Marc List, deen den Donna’s Heaven an der Stad a spéider den DaMa zu Déifferdeng hat, ënnerhalen an hunn nogefrot wéi d’Konzept fir säin neie Café zu Esch-Uelzecht ausgesäit.
***
Moie Marc.
Mir setzen hei zesummen an dengem neie Café hei zu Esch, dem New Heaven. Ma wéi ass dat deemools an der Stad mam Donna’s Heaven ugaange?
Et ass en Dram vu mir gewiescht fir e Café zu hunn. Ech hu vill Leit kannt déi e Bistro haten, an ech hunn dat ëmmer immens flott fonnt. 2016 gouf de Café „Pyramide“ an der Escher Strooss an der Stad fräi. Ech hu mech direkt op d’Bee gesat, fir zu kucken, ob ech de Café kéint kréien. Ech hat keng Autorisatioun, an hu bei Null ugefaange fir all déi Pabeieren zesummen ze sichen. Ech hunn den üblechen Zapschäin net misse maachen, well ech an enger Clinique geschafft hunn, an et kloer war, dass ech déi ganz Hygiènes Moossname kennen, wann een e Café opmécht. Ech hat dunn zwou Woche Congé, wou ech alles frësch gemaach hunn an de 14. Mäerz 2016 ass den Donna’s Heaven opgaang. Ech si weider menger regulärer Aarbecht an der Clinique nogaangen, an de Weekend hunn ech de Café opgemaach.
Dat war vill Aarbecht, oder haass de een, deen der gehollef huet?
Nee, ech hunn dat eleng gemaach.
Den Donna’s Heaven war eng immens schéin Zäit. Ech hat just Donneschdes, Freides a Samschdes op a mat den „fräien Nuechten“ ass dat immens gutt gelaf. Rosa Lëtzebuerg hunn hir Soiréeë bei mir organiséiert, well de Café zimmlech grouss war. Et goufen och Karaoke Owenter. Dat ass immens gutt ukomm bei de Leit.
Awer ech war no engem knappe Joer esou midd a vreckt, dass ech net méi konnt. De Café huet nach ëmmer Spaass gemaach, awer ech hunn dunn decidéiert, dass ech am Januar 2017 géing ophalen.
Wat ass, denger Meenung no, d’Ursaach, dass et an den 80er a 90er sou vill Caféë fir Lesben a Schwuler gouf, an déi awer lues a lues all hier Dieren zougemaach hunn?
Ech denken, dass et an den 2000er Joren e Mentalitéitswiessel gouf. Fréier bass de als Schwulen an e Café fir Homosexueller gaangen, well’s de wousst, do bass de fräi an du kanns dech gi wéi’s de bass. Wann ech deemools an e „normale“ Café erakoum, da sinn ech gekuckt ginn, wéi wann ech en Ausserierdesche wier. Dat war vun den 2000er Joren un net méi esou. Ech denken awer och, dass sech villes am Internet ofgespillt huet a nach ëmmer ofspillt. D’Leit ginn net méi sou vill eraus an d’Caféen hu manner Clienten.
Parcontre fannen ech, dass an der lescht erëm vill méi negativ iwwert LBGTIQ+ Communautéit geschwat gëtt, an ech denken dass et eiser Caféen erëm brauch.
Nom Donna’s Heaven koum den DaMa…
Jo, dat war 2020. Well den Donna’s Heaven mer sou gutt gefall hat an et mir nach ëmmer an de Fanger gekribbelt huet, wollt ech et nach eng Kéier probéieren. Awer ech wollt et net mei eleng maachen. Ech hu wärend dem Covid am éischte Lockdown den David Frazão kennegeléiert. Hien war mäin Noper a mir hu vu Balcon zu Balcon matenee diskutéiert. Den David war begeeschtert vun der Iddi mat mir e Café opzemaachen. Wéi d’Covid Zuelen erof gaangen an erëm all d’Geschäfter op waren, hu mir e Lokal zu Déifferdeng fonnt. Kuerz no eiser Ouverture am Oktober koum dunn den zweete Lockdown. Dat war blöd, a mir hunn direkt virun der Dir vum Café e Stand mat Glüwäin opgestallt. Dat war eng gutt Reklamm a jidderee am Quartier war frou, dass et wéinstens eng Plaz zu Déifferdeng gouf, wou ee konnt eppes drénken.
2022 krute mer endlech fräi Nuechte fir de Weekend an et ass richteg gutt gelaf. Duerch d’Energiekris gouf et erëm mei schwiereg an alles ass vill méi deier ginn. Mir hunn direkt e Réckgang an den Zuele gespuert. Ma Déifferdeng huet och e grousse Kriminalitéitsproblem. Fir do dergéint ze goen, a well ee Bistro sech net un d‘Reegele gehalen huet, huet d‘Gemeng d‘fräi Nuechte fir eis all gestrach. Dat war fir mech d’Drëps déi d‘ Faass zum Iwwerlafe bruecht huet a mir hunn den DaMa zougemaach.
An elo geet et erëm lass mam New Heaven?
Fir mech war d‘Thema Café ofgeschloss. Ech hunn am Januar meng lescht Ofrechnung vun der TVA erageschéckt a meng TVA Nummer ofginn. Ech wollt ni méi eppes mat engem Bistro ze dinn hunn. An du koum den David deen zu mer sot, zu Esch stéing e mega Café direkt nieft der Gemeng eidel. “Nee net schonn erëm!,” sot ech mer. Awer wei ech d’Lokal fir d’éischt vu banne gesinn hunn, war ech schockverléift. An elo geet et alt erëm vu fir lass! Den David ass des Kéier net derbäi, awer meng Schwëster an nach e weidere gudde Frënd. Mir wëllen hei en anert Konzept opzéien. Mir wëllen hei an der Woch am Dag, e Café wei fréier opzéien, an zu engem spéideren Zäitpunkt och e Menu du Jour an der Mëttesstonn. Et wäert keng Platz gi wéi den Donna’s Heaven, déi reng fir d’Community geduecht ass. Et gëtt eng Platz fir jiddereen, a jidderee soll sech hei wuel spieren.
Merci Marc.
Mir wënschen der alles Guddes a vill Succès hei zu Esch.
Café New Heaven / 2 Grand Rue / L-4132 Esch/Alzette
